top of page

Den Naturpark Öewersauer gouf
de 6. Abrëll 1999, als éischte
Lëtzebuerger Naturpark, gegrënnt.
Am Joer 2026 gëtt den Naturpark
ëm 10 Joer verlängert.
Am Kader vun dëser Erneierung
froe mir Iech ëm Är Meenung.
Maacht mat!
Firwat?
D’Naturparkgesetz gesäit vir, datt all 10 Joer eng Evaluatioun an eng Neiorientéierung vum Naturpark statt fënnt. Am Kader vum aktuelle Prozess gëtt den Naturpark Öewersauer net nëmme verlängert, mee och erweidert – mat dem geplangte Bäitrëtt vun der Gemeng Géisdref.
Dës Erneierung leeft a verschidden Etappen of: Si fänkt mat enger Étude préparatoire un, déi d’Ziler an d'Grënn vun dësem Prozess erkläert. Dës Etude gëtt duerno ëffentlech virgestallt.
Bei der nächster Etapp - d’Etude détaillée - spillt déi participativ Dimensioun eng wichteg Roll: d'Meenungen an d'Iddie vun de Biergerinnen a Bierger si gefrot fir d'Zukunft vun der Regioun mat ze gestalten.

Maacht mat a gewannt!
Et gi Präisser ze gewannen :
VIP-Tour mat dem Solarboot
Bonge fir den
Naturpark-Shop
Corbeillen aus dem Naturpark-Shop
bottom of page